Living Library

Living Library - Don't judge a book by its cover!

An enger Living Library si Mënschen d'Bicher. All d'Leit, ewéi Mënsche mat enger Beanträchtegung, Flüchtlingen oder eeler Leit, kënnen hir Geschicht perséinlech mat engem Publikum deelen. Nodeems een sech eng Zäit mat engem Buch ënnerhalen huet, wiesselt d'Publikum bei dat nächst Buch an seng Liewensgeschicht. Op dës Aart a Weis erméiglecht eng Living Library een direkte Kontakt tëscht Mënschen aus ënnerschiddleche Liewenswelten. Living Libraries droen esou zu engem bessere Versteesdemech zur Villfältegkeet bäi a sollen hëllefen eng méi inklusiv Gesellschaft, déi zesummenhält, ze schafen.

youngcaritas huet vun 2015 bis 2018 Living Libraries organiséiert. Dës Living Libraries hunn a Lycéeën an ganz Lëtzebuerg stattfonnt. Hei hu Flüchtlingen als lieweg Bicher, an enger Zäit déi duerch eng héisch Unzuel vu Mënschen déi an der EU ukomm sinn an dëst ee fir déi meescht Leit een neit Thema war, gedéngt.

Am Laf vum Joer 2020 hu mir de Projet mam Zentrum fir politesch Bildung, Erwuessebildung, ACAT an FSL erëm opliewe gelooss. Eis Partnerschaft huet eis d'Méiglechkeet ginn, best practice auszetauschen an eis mat neien innovative Methoden ze verbesseren. Op den Human Rights Days 2021 an 2022 hu mir Living Libraries mat enger grousser Auswiel un Bicher am Forum Geesseknäppchen an der Stad organiséiert.

Säitdeem konzentréiere mir eis op Living Libraries mat Schoulklassen a Jugendgruppen. Mir freeën eis op all Ufro a fir dëse wichtege Projet fir eng oppen an tolerant Gesellschaft mat Iech ze organiséieren.

Kontakt: info.youngcaritas@cjf.lu

Living Library