Partner

Zesummen!

youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, déi hinnen d'Méiglechkeet bitt, sech ze engagéieren a sou e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn. Mir sinn der Meenung, datt déi Jonk Chancë brauchen, fir eng nohalteg Welt vu Solidaritéit a sozialer Gerechtegkeet ze schafen.

Fir dëst ze erreechen, si mir och op motivéiert Partner ugewisen, déi sech gären zesumme mat eis fir eng offen an nohalteg Gesellschaft asetzen.

Wann Dir och e méigleche Partner fir eng Kooperatioun oder Kollaboratioun a Form vun Aktivitéit, Projet oder Workshop sicht, da kuckt hei an der Rubrik fir méi Infoen oder mellt Iech bei eis.

Am beschten eegene sech d’Beräicher Solidactive a Spillmobil fir eng Zesummenaarbecht. Och fir Workshops oder Schoulprojete sti mir als Partner zur Verfügung.