Formatiounen

Brevet vum Animateur

Du animéiers gäre Kanner bei enger Aktivitéit vum Spillmobil oder wëlls wärend de Vakanzenaktivitéiten an denger Gemeng schaffen? Du bass ze al, fir un enger vun eise Kolonien deelzehuelen an häss Spaass drun, als Moniteur bei enger Kolonie dobäi ze sinn?

Da mell dech fir eis Formatiounen un!

Formations

youngcaritas bitt Formatioune fir den Animateur-Moniteur un, déi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend unerkannt sinn.

All eis Formateure si Jonker, déi déi selwecht Formatioune virun e puer Joer gemaach hunn, a säitdeem vill Erfarung als Animateur a Responsabel vun de Kolonië gesammelt hunn. Si wëssen, vu wat se schwätzen!

Wann s du nach Froen zu de verschiddene Breveten hues, da mell dech bei eis.

Kontakt: formations.youngcaritas@cjf.lu

Aschreiwung

Fannt all eis Formatiounen online.

Agenda kucken

Broschür

Luet d'Broschüre erof:

Heefeg gestallt Froen


Mir bidden all d’Formatiounen eemol am Joer un. D’Brevetsiwwerreechung gëtt och eemol am Joer vum SNJ (Service National de la Jeunesse) organiséiert.


Fir de Brevet B ze maachen a bei Kolonien als Animateur matzehëllefen, brauchs du kee Brevet A. Ab dem Brevet B bauen d'Breveten awer openeen op, soudatt s de fir de Brevet C de Brevet B brauchs.


Wann den éischte Weekend stattfënnt, muss du de Mindestalter hunn.


Eis Formatioune gi vu jonke Benevolle gehalen, déi de Brevet vum Formateur gemaach hunn a vill Joren Erfarung als Animateur a Responsabel an eise Kolonien hunn.


De Logement, d'Verfleegung sou wéi d’Material a verschidden Ënnerlage sinn am Präis mat dran.


Éier den éischte Weekend stattfënnt, muss deng Participatioun bezuelt sinn.


Du kriss vun eis d'Reglement an eng Fiche médicale geschéckt, fir eleng (ab 18 Joer) oder mat dengen Elteren (ënnert 18 Joer) auszefëllen.


Mir bidden een Zousazweekend un. Fir dee muss de dech allerdéngs separat iwwert eise Site umellen. Falls dir deen Datum net passt, kanns du bei engem aneren Ubidder (SNJ, Croix-Rouge, etc.) ee Weekend maachen an eis de Certificat matbréngen.


Bei engem ganze Weekend oder der Formatiounswoch sinn d'Iwwernuechtungen obligatoresch, well de Programm bis owes spéit geet an d'Gruppendynamik gefërdert soll ginn.


Wann s de fir de Brevet A nach keng Plaz fir deng Praxisstonne fonnt hues, hëllefe mir dir gären dobäi, deng Stonnen zesummenzekréien. Ab dem Brevet B kanns de deng Praxisstonnen no Ofsprooch mat eise Mataarbechter an de Kolonië vu youngcaritas maachen.


De Brevet kritt een nëmmen, wann ee souwuel déi gefuerdert Theoriestonne wéi och d’Praxisstonne gemaach huet. Deng Formatioun fir den Animateur ka sech noutfalls och iwwert zwee Joer zéien.