a place for tolerance

Brécken tëscht de Mënsche schafen!

"a place for tolerance" oder "ein Platz für Toleranz" ass een vun youngcaritas Oberberg (D) ugestousse Projet, de mir op Initiativ vun enger deemoleger Volontaire ab dem 15. November 2021, dem Dag vun der Toleranz, wollte fir ee Joer hei zu Lëtzebuerg duerchféieren. Anescht ewéi an Däitschland hu mir bestoend Bänke gesicht fir se mat Graffiti zu Themen, ewéi Rassismus, LGBTQIA+ a villem méi, ze dekoréieren an esou Plaze fir Toleranz ze schafen: z.B. bei Gemengen, Jugendhaiser oder Schoulen a Lycéeën.

No engem Joer, ass eis dat net duer gaangen, och well d’Wichtegkeet vum Projet nach ëmmer immens present ass. Mir hu weider Bänke gesicht a méi Theme behandelt fir ee Statement fir Solidaritéit an Diversitéit ze setzen. Mir sinn nach méi nohalteg ginn a bidde méi Workshops ewéi just eemol sprayen ze kommen un: zesumme mat de Kanner a Jonke méi déif brainstormen, hinne méi Graffiti-Skills weisen, d’Bänken eventuell selwer bauen an idealerweis mat enger offizieller Aweiung vun der Plaz fir méi Wäertschätzung fir d’Kreateuren an dem ganze Projet suergen.

Bei Froen oder fir eng perséinlech Virstellung vun "a place for tolerance": info.youngcaritas@cjf.lu

a place for tolerance