Vakanzekolonien

Eng Vakanz vir Jiddereen!

youngcaritas bitt all Joer verschidden Themekolonien, Summerkolonien a Schi-/Snowboardkolonien am In- an Ausland un. Eis Kolonië sinn op fir all Kanner a Jugendlecher vu 4 bis 17 Joer, déi zu Lëtzebuerg oder an der Grenzregioun wunnen.

Kontakt: colonies.youngcaritas@cjf.lu

Colonies

Aschreiwung

Fannt all eis Vakanzekolonien online.

Agenda kucken

Heefeg gestallt Froen


D’Kanner gi vun enger Equipe vu jonken Animatricen an Animateuren encadréiert. Eis Betreier hunn eng Formatioun „Brevet d’Animateur“ gemaach. Dës jonk Leit betreien d’Kolonie als Benevole. Si maachen dëst alles an hirer Fräizäit.


D’Betreiung vun de Kanner a Jugendlecher, de Logement an d’Verfleegung, d’Aktivitéiten an d’Ausflich sinn am Präis mat dran.


Wann d’Kanner oder d’Jugendlecher an eng Auslandskolonie matginn, musse si hir original Carte d’identité an hir Kaart vun der Sécurité sociale matbréngen.


D’Kanner si verséchert. Wann Dir eng Assurance Rapatriement hutt, gitt eis déi wgl. un, fir datt mir d’Kanner net duebel versécheren.


Dir kënnt d’Kand bis spéitstens ee Mount virun der Kolonie ofmellen.

Dono kënnt Dir just nach mat engem Certificat vum Dokter d’Aschreiwung annuléieren.


Wann Dir d’Kand ee Mount am Viraus ofmellt, kritt Dir de Montant, deen Dir bis da bezuelt hutt, zeréck.

Wann d’Kand an der Kolonie krank gëtt oder aus anere Grënn muss d’Kolonie fréizäiteg verloossen, da gitt Dir net rembourséiert.


Wann e Kand an enger Kolonie zu Lëtzebuerg krank gëtt, muss et vun engem Erzéiungsberechtegten ofgeholl ginn. Bei Situatiounen, wou et néideg ass, gi mir mam Kand bei den Dokter oder an d’Spidol.

Wann e Kand am Ausland krank gëtt, gi mir mat em bei den Dokter oder an d’Spidol. Bei schlëmmen Erkrankungen oder Beanträchtegunge mussen d’Kanner och hei vun engem Erzéiungsberechtegten ofgeholl ginn.


Dir kënnt am Noutfall op de Kolonieshandy uruffen. D’Nummer gëtt Iech virun der Kolonie matgedeelt.


Prinzipiell rode mir dovunner of, datt d’Kanner en Handy an d’Kolonie matbréngen.

Bei Auslandskolonien dierfen si den Handy am Bus benotzen, dono gi se awer nees agesammelt.

Bei Jugendkolonien dierfen déi Jonk den Handy behalen.


Gitt eis wgl. all d’Allergien an der Fiche médicale un. Eis Responsabel vun der Kolonie këmmere sech drëm, datt de Kach all déi néideg Informatioune kritt.


Dir kritt virun der Kolonie eng Kleederlëscht geschéckt, wou alles dropsteet, wat d’Kanner brauchen.


Wann d’Kanner oder d’Jugendlecher Täschegeld brauchen, steet dat op der Kleederlëscht. Dat ass awer keng Obligatioun.


Dir hutt verschidden Optiounen, fir eng Reduktioun ze kréien. Mellt Iech dofir einfach direkt op colonies.youngcaritas@cjf.lu.


Wann Dir nach zousätzlech Froen zur Organisatioun vun de Kolonien hutt, kënnt Dir eis iwwer d’E-Mail colonies.youngcaritas@cjf.lu oder wärend den Ëffnungszäiten um Telefon 36 74 68 21 erreechen.

Wann Dir eng Fro wärend der Kolonie hutt, kënnt Dir Iech direkt un d’Responsabel vun der Kolonie wenden. Rufft si op de Kolonieshandy un. D’Nummer gëtt Iech virun der Kolonie matgedeelt.