Däi Projet

Däi Projet

Däi Projet gëtt dir d’Méiglechkeet, deng Iddien oder deng Aktivitéit ëmzesetzen!

Mir ënnerstëtzen dech dobäi esou wäit wéi méiglech an esou wäit wéi s du et wëlls. Dëst geet vu Berodung iwwert Vernetzung bis zur Begleedung. Keng Iddi ass eis ze verréckt, fir mat dir driwwer ze diskutéieren.

Am beschten eegene sech d’Beräicher Solidactive a Spillmobil fir Däi Projet. Och bei solidaresche Projeten am Kader vun denger Schoul kënne mer dech ënnerstëtzen.

Volontariat

Mat engem Fräiwëllegendéngscht kanns du dech och bei youngcaritas engagéieren. Dobäi kanns du duerch praktesch Erfarunge léieren an dech eventuell fir deng Zukunft orientéieren. Beim Fräiwëllegendéngscht bass du fir eng bestëmmt Zäit engagéiert.Bass du tëschent 16 an 30 Joer al an du hues däi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg? Dann ass de Service Volontaire National eppes fir dech!

Bass du tëschent 18 an 30 Joer al an du hues däi Wunnsëtz an engem aneren europäesche Land? Dann ass de Service Volontaire Européen am Kader vum European Solidarity Corps eppes fir dech.

Fir weider Infoen, kuck op www.volontaires.lu oder mell dech bei eis.

Kontakt: info.youngcaritas@cjf.lu