Colonies

23.07.2023 - 28.07.2023


Harry Potter 1

Allgemeng Informatiounen


vun Sonndeg 23 Juli 2023 bis Freideg 28 Juli 2023

Standuert: Centre de Jeunesse Marienthal

Alter: vun 8 bis 12 Joer

Tarif : 370 €


vun Sonndeg 23 Juli 2023 bis Freideg 28 Juli 2023

Och dëst Joer mecht déi berüümten Zauberschoul nees hier Diere fir en neit Schouljoer op.

De grousse Sall ass scho prett fir d’ Zauberschüler ze empfänke mee et läit eng komesch Stëmmung an der Loft. Déi magesch Geschöpfer zéie sech zréck. Dementoren dréine scho fläisseg hier Ronnen iwwert eis Gebitt. Eng magesch Welt voller Iwwerraschungen, Rätselen an Zauberspréch wäert sech dir géigeniwwer stellen. Deng nei Proffe freeë sech schonn drop hiert Wësse kenne mat dir ze deelen. De spriechenden Hutt ass scho gespaant hei raus ze fannen op du zu Gryffindor, Slytherin, Ravenclaw oder Hufflepuff gehéiers.

Dat a villes méi kanns du eraus fannen. Mell dech séier un, Hogwarts mat all senge Bewunner waart op dech!