26.07.2023 - 07.08.2023
Hills, Gelato and Sun
Allgemeng Informatiounen
vun Mëttwoch 26 Juli 2023 bis Méindeg 07 August 2023
Standuert: Autriche, Italie, Allemagne
Alter: vun 14 bis 17 Joer
Tarif : 850 €
vun Mëttwoch 26 Juli 2023 bis Méindeg 07 August 2023
Du hues tëscht 14 a 17 Joer a wollts schonn ëmmer eng Kéier mam Zuch duerch den Süde vun Europa reesen?
Dann ass dat hei genau dat Richtegt fir dech! Pak däi Rucksak a mir huelen dech mat op eng Rees duerch Italien, wou’s du d’Méiglechkeet hues mat Jonken an dengem Alter déi italieenesch Atmosphäre kennenzeléieren. Zesummen entdecken mir d’Geschicht vun Italien, schloen eis de Bauch mat de beschten Nuddelen a Pizza’en voll a loossen eis duerch déi bekanntste Stied vun Italien féieren. Als Souvenir bréngs du en Album voller Erënnerungen an de Rucksak voll mat Erfarungen zeréck.
Wann’s du schonn ëmmer mol ob Innsbruck, Venedeg, Roum, Florenz, Mailand oder Freiburg wolls, dann ass dat héi deng Chance!