09.05.2024 - 09.05.2024
klengen Tour d'Europe
Donneschdeg 09 Mee 2024
Ee klenge sportleche Challenge um Europadag? Mir fuere mam Vëlo vu Grenz zu Grenz a besiche 4 Länner an engem Dag.
Ëm 75km an ongeféier 4 Stonne Fuerzäit brauche mir fir folgend Stréck:
Vun der belscher Grenz zu Grass - Kënzeg - Käerjeng - Lénger - Péiteng - Suessem - Éilereng - Esch - Schëffleng - Beetebuerg - Helleng - Fréiseng - Mondorf & Mondorff (F) - Réimech - Schengen bis op déi däitsch Grenz
Dat ass dir ze wäit? Kee Probleem! Schléiss dech eis ënnerwee un oder hal do op wou et dir passt. Och eng Paus ass méiglech, well mir sinn permanent mat enger Camionnette an der Géigend.
Du hues keen Velo oder däin Velo ass net fuerbereet? Och net schlëmm! Mir hëllefen dir dobäi, alles sou ze arrangéieren dass du kanns matfueren.
Mell dech einfach un a mir kucken zesummen,
chris.youngcaritas@cjf.lu oder pier.youngcaritas@cjf.lu