31.08.2025 - 31.08.2025
fashion swap: de youngcaritas-Kleedertausch um Pink Future Festival
Sonndeg 31 August 2025
Bréngt an tauscht är Kleeder um Kleedertausch vu youngcaritas!
Zu de Spillreegelen: Mir brénge min. 1 bis max. 10 Kleedungsstécker mat, kréien dofir Jetone mat deene mir eis fir déi selwecht Unzuel Kleeder dierfen huelen. Wat mir dobäi un Saache matbréngen an duerno am Tausch mathuelen ass egal. Wichteg ass just dass nëmme propper a ganz Kleeder an der Entrée ugeholl ginn!
Mir sichen dofir no enthusiastesche Jonken déi eise fashion Swap wëlle matorganiséieren.
An Zesummenaarbecht mam Pink Future Festival, ee participatiivt Fest fir Jonker.
Wanns du Interesse oder Froen hues, kanns du dech gären mellen: +352 661 367 465 oder solidactive.youngcaritas@cjf.lu