26.08.2026 - 02.09.2026
Hills Sun and Fun
Allgemeng Informatiounen
vun Mëttwoch 26 August 2026 bis Mëttwoch 02 September 2026
Standuert: Jugendgästehaus Edthof Eben (A)
Alter: vun 8 bis 12 Joer
Tarif : 750 €
vun Mëttwoch 26 August 2026 bis Mëttwoch 02 September 2026
Wollts du schonn ëmmer eng Kéier Vakanz an de Bierger maachen? Kee Bierg ass dir ze héich? Sichs du néi Erausfuerderungen andeems du mat eis zesummen eng riseg Outdoor Spillplaz wëlls entdecken?
Dann zéck net laang a mell dech un! Et erwaarden dech vill sportlech Erausfuerderungen, Spiller an der Natur, awer och ënner anerem en Ausfluch ob Salzburg an nach villes méi. Sief dobäi an erlief en onvergiessleche Summer mat Gläichalteregen.