17.04.2027 - 07.11.2027
Brevet E ( Responsabel Kolonie)
Allgemeng Informatiounen
vun Samschdeg 17 Abrëll 2027 bis Sonndeg 07 November 2027
Standuert: Léiweng
Alter: vun18 Joer
vun Samschdeg 17 Abrëll 2027 bis Sonndeg 07 November 2027
Hei solls du:
• Op mannst 18 Joer hunn
• De Brevet C vum Animateur hunn
• Vill Kolonieerfarunge gesammelt hunn
• Umeldungen just iwwert en Organisateur vu Kolonien
17-18.04.2027 (Léiweng)
06-07.11.2027 (Léiweng)
Als Responsabel vun enger Kolonie muss een d'Haaptverantwortung iwwert de ganze Grupp iwwerhuelen, de Programm koordinéieren, d'Moniteursequipe zesummestellen a leeden, de Budget verwalten a villes méi.
Fir d'Formatioun vum Brevet E gëtt just eng limitéiert Unzuel vun Animateuren zougelooss. Fir Responsabel ze ginn, muss du virdrun iwwert e puer Joer Kolonieerfarunge gesammelt hunn.
Dës Weekender sinn ouni Iwwernuechtung.
Sprooch: Lëtzebuergesch