Spillmobil Partner
Méi wéi just spillen!
De Spillmobil ass eng Camionnette voll mat Spiller a Material fir all Alter an Interessien.
Zur Offer gehéieren:
- solidaresch Spillaktiounen
- Spillen am ëffentleche Raum
- Konstruktiouns- a Beweegungsspiller
- XXL-Gesellschaftsspiller
- mobil Escaperooms
- Try & More
- an nach villes méi …

Wann Dir am Kader vun Ärer SEA-Struktur, Ärer sozialer Ariichtung, Ärer Schoul oder enger anerer Organisatioun eng Kooperatioun oder Kollaboratioun a Form vun Aktivitéit oder Projet sicht oder de Spillmobil buche wëllt, da mellt Iech bei eis.
Kontakt: spillmobil@youngcaritas.lu