Spillmobil

Méi wéi just spillen!

De Spillmobil ass eng Camionnette voll mat Spiller a Material fir all Alter an Interessien.

Zur Offer gehéieren:

  • solidaresch Spillaktiounen
  • Spillen am ëffentleche Raum
  • Konstruktiouns- a Beweegungsspiller
  • XXL-Gesellschaftsspiller
  • mobil Escaperooms
  • Try & More
  • an nach villes méi …
youngcaritasspillmobil

Wann s du mindestens 15 Joer al bass, kanns du eng Kéier oder reegelméisseg un Aktivitéiten deelhuelen oder mat eiser Hëllef Däi Projet realiséieren.

Partner

Wann Dir e Partner fir eng Kooperatioun oder Kollaboratioun a Form vun Aktivitéit, Projet oder Workshop sicht, da kuckt an der Rubrik „Partner” fir méi Infoen oder mellt Iech bei eis.

Kontakt: spillmobil@youngcaritas.lu

Aschreiwung

Fannt Datumer vum Spillmobil online.

Agenda kucken

Heefeg gestallt Froen


Kuck am Agenda, sich dir déi Aktivitéiten eraus, déi dech interesséieren, a mell dech un!


De Spillmobil erlaabt et dir, entweeder ze hëllefen ze encadréieren oder kreativ ze ginn a souguer eng Aktivitéit ze organiséieren an ze leeden. Mell dech einfach bei eis fir méi Infoen.


Nee, du brauchs kee Brevet.


Jo, deng Praxisstonne kanns du och beim Spillmobil maachen.


Mell dech op WhatsApp um 661 367 456 fir d’Newsletter vum Spillmobil un.


Beim Spillmobil ass d’Sprooch egal.


Kooperatiounen a Kollaboratiounen a Form vun Aktivitéiten a Projete sinn eis immens wichteg. Kuckt an eiser Rubrik „Partner” fir méi Infoen oder mellt Iech bei eis.